Manifestatiounen > 2010
Creschtbeemecher 2010
A wat maache mir da lo mam Chrëschtbeemchen…. ?
Ma de Club des Jeunes kënnt e sichen…
An zwar ëmmer dee Weekend no Dräikinneksdag. Dëst Joër war dat de 9. Januar 2010. Moies um 9 Auer si mir zu Rëmmereg fortgaange fir owes um 19 Auer déi läscht Beemercher ofzelueden. Am Ganzen hu mir 113 Stéck agesammelt. Am Verglach zu deenen iwwer 500 Stéid déi et am Préizerdaul ginn eigentlech net souvill. Ginn et wierklech net méi Krëschtbeemercher an eiser Gemeng oder wëllen d’Leit déi sech d’Méi gemeet hunn een opzeriichten hiere Beemchen einfach nach méi laang bewonneren?
Leider war och dëst Joër d’Wieder neet sou angenehm fir bei villen Haiser ee Plausch ze halen, wéi déi Jore virdrun. Mir hoffen dat dann next Joër nohuelen ze kënnen. Mir soën ewer och Merci fir all Beemchen dee mer kënne siche kommen a freeën eis op 2011.