CDJ Preizerdaul


Direkt zum Seiteninhalt

Don 2009

Manifestatiounen > 2009 > Verschiddenes

E gudd Wierk vum Club des Jeunes…


De Club des Jeunes huet dëst Joër decidéiert ee gudden Deel vu séngem Gewënn vum Theater fir e gudden Zweck ze spenden. Mir hunn eis et dann och net huele gelooss de Scheck perséinlech z’iwwerreechen, an zwar un de Centre Roger Thelen. An dësem Centre zu Bekerech ginn autistësch behënnert Persoune betreit. De Marc de Geest, Direkter vum Centre Roger Thelen a Präsident vun der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg huet eis och d’Räimlechkeete gewisen an eis dës ganz komplex Behënnerung erklärt.
De Montant vun 1500€ gouf speziell agesat fir eng Kierpertambura ze kafen. Dëst Instrument gëtt an der Relaxatioun gebraucht. Et ass a sëch eng iwwergrouss Gitar déi op de Kierper vum Patient geluecht gëtt. Wann een dëst Instrument da spillt wierken d’Schwëngungen an Vibratiounen déi op de Kierper iwwerdroë ginn berouegend op de Patient.
De Club des Jeunes wäert sech beméien och dëst Joër rem eng Theaterequipe op d’Been ze stellen an sech fir ee gudden Zweck anzesëtzen.

Ennen fant der en Artikel vum Charles Reiser deen am Wort publizeiert gouf.




Noble Geste des „Club des Jeunes Préizerdaul“
Scheck über 1 500 Euro an
„Fondation Autisme Luxembourg“ überreicht


Im Rahmen einer kleinen Feierstunde überreichte eine Delegation des „Club des Jeunes Préizerdaul“ vor kurzem im „Centre Roger Thelen“ in Beckerich einen Scheck über 1 500 Euro an Marc De Geest, Direktor im Zentrum für autistisch behinderte Menschen. Das Geld stammt aus dem Erlös der Vorstellungen des Theaterstücks „de Monni geréit niewt de Kapp“, die vom lokalen „Club des Jeunes“ im Dezember im Préizerdaul aufgeführt wurden.
Mit großem Dank nahm Marc de Geest die Spende in Empfang und erklärte die „Fondation Autisme Luxemburg“, die sich zum Ziel setzt, die von Autismus betroffenen Personen zu fördern, um ihnen ein Leben in Würde zu ermöglichen. Diese Summe wird dazu dienen ein Körpertambura anzuschaffen, ein Instrument das in der Relaxation eingesetzt wird und dazu dient den Patienten ein positives Körpergefühl zu ermöglichen.


Charles Reiser
Préizerdaul, 10. Dezember 2009



Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü