Gudde Moien,
Endlëch huet de Club des Jeunes aus dem Préizerdaul rëm de Wee an de World Wide Web fonnt. Dës Homepage ass nach an der Entwécklung an gëtt lues a lues ausgebaut a vervollstännegt. Hutt e bësse Gedold a kommt roueg regelméisseg kucken, wee wees wat dei nächste Kéier Neies dobäi komm ass.
Mir wënschen iech alleguerte vill Spaass.
Gudd Virschléi a Kritike sinn ëmmer wëllkomm an dir kënnt se beim Gilles Zigrand hannerloossen.
Schaumparty 2010
Jo et ass gläich rem sou wäit fir de Short an de Bikini auszepaken an sech op dei mëttlerweil scho bal traditionell Schaumparty no Christihimmelfahrt an de Préizerdaul aseefen ze kommen. Genéisst eise Schaum-Cocktail an der Bar, danzt zu de fetzege Beats vun "The Incredibles", bewonnert dei gäil Lightshow a kuckt iwwert den Flat wat an eisem Schaumkäfeg alles lass as. Oder nach besser stierzt ierch dran a feiert dei éischt warem Deeg vum Joër. Wann dir iech näischt kënnt drënner virstellen da kuckt iech d'Fotoen vum leschte Joër hei op der Homepage enner Manifestatiounen un.
A fest steet: Freides ass "Chez Mani" do matt séngem neie Schaumburger!!!
http://www.facebook.com/?ref=logo#!/pages/Preizerdaul/Chez-Mani/399303090989