On Tour > 2010
Paintball zu Veckring (FR) 17.04.2010
Den CDJ war endlech, nodems jorelang driwer geschwat gouf, d'Decisioun geholl a war Paintball spillen. 19 Mann a Fra, mei wei mer geduecht haten, hun sech dun och zu Remmereg bei der Bom versammelt wou mer dunn Richtung Frankreich gedüst sin. Endlech doënne ukomm konnt och keen et mei erwarden endlech op den Terrain geloss ze gin an op sein Nierwemann ze scheissen. Eise Jerry war och den eischten deen huet missen dru gleewen, mir haten mol nach keng definitv Platz font fir ze spillen. Komescherweis as aus enger Waff (de Besetzer well aus verständleche Grenn net genannt gin) eng kleng, mat Faarw gefellten, awer dach relativ hart plastiks Kugel entwutscht dei hire Wee an dem arme Jerry seng beschten Deeler font huet. Op kuerz Distanz deet sou eppes natierlech net terribel gut (eng kleng Beileedsminut fir de Jerry - ok et geet duer) Dono as et dunn awer em sou seriö hir gangen, vleit well och lo definitiv de leschten gemierkt huet dass et am beschten as net getraff ze gin.






Hei e klengen Erfahrungsbericht aus eegener Persoun:
Mir hun eis als Spillfläch den Terrain ronderemt dei aal Kantin rausgesicht. Dei aal Säck, wou ech natierlech den Obertatagreiss war, hun riets vum Gebei ugefong. Dei Jonk hun sech op dei lenks Seit bewegt. An duerch mein Kommando as et lass gangen. Ech hun mech och dun direkt, zesummen mam Misch a mam denen zwein Max'en op d'Reckseit vum Gebei bewegt. Mir hun e bessen hannert eiser eichter Deckung gewart mee bis op een liewensmidden deen sech um henneschte Giewel gewisen hat as et roueg bliwen. De Misch huet dun d'Gelegenheet genotzt fir sech op den Hiwel hannert dem Gebei ze begin an huet sech lues a lues, onbemierkt vun de Fleihsäck, op dei lenks Seit geschlach. Wei hien du bis an d'Mett komm as huet hien dunn och vun der gudder Iwersicht profiteiert an huet dei eischt puer Treffer geland. An där Zeit hun ech du profiteiert fir mech op der henneschter Seit onbemierkt Richtung Dier ze schleichen. Well de Misch dei ganz Opmierksamkeet hat hat ech dunn och einfacht Spill. Endlech am Gebei...ufff. Ech hun och gleich de Joé nogeruff a sou hate mer e grousse Virdeel wei sech herno rausgestallt huet. De Misch huet Entre-temps missen den Recktrett untrieden well hien net wierklech vill deckung hat an dei ganz Roserei vun de klengen ze spiere kritt huet. Kee Problem Misch, mir hu jo lo eng gut Positioun. A wei flott hun ech e klengt Lach an der Mauer font, grat grouss genuch fir mein Laaf derduerch ze stierchen a fir ze zielen. A Pätsch Pätsch Pätsch schon goufen dei eischt Treffer geland an d'Fleihsäck woussten net wei hinne geng gescheien. Ween scheist do a virun allem vu wou??? :-) Währenddems ech op alles geschoss hun wat sech virun mengem Lach bewegt huet, huet de Joé mer Reckendeckung gin. lo haten se awer spatz wou emr genge setzen an hun sech an hir Deckungen zreck gezunn. Lo hun nach dei zwein Max'en sech zou eis gesellt a mir hun eis bei de Fensteren op der lenkser Seit vum Gebi verdeelt an hun dei kleng sou richteg zesumme gedriwen. Hinnen as dunn weider neicht bliwen wei sech an dat nächst Gebei zreck ze zeien. Mir hun dunn decideiert mir gengen hine nogoen a se endgülteg zum Opgin brengen. Mee et war awer net sou einfach well se an dem Gebei, en ale Prisong aus de Fensteren vum zweete Stack geschoss hun an dementspriechend eng gut Iwersiicht haten. Mee als eischtem as et dem Joel gelongen sech op dei hennescht Seit vum Gebei ze bewegen. hien as och dunn, onbemierkt vun eise Geigner ganz ronderemt d'Gebei gelaf. Ech sin dun mam Patrick zesummen och weider op dei hennescht Seit gerannt. Mir hun et dunn awer anescht gemeet an am Teamwork as et dem Patrick gelongen dei 1.80m heich Fenster ranzeklammen. Ech sin du rem zreck op dei aner seit geschlach fir duerch d'Dier ranzegoen. Ennerwee heieren ech och schon dei eischt dei vum Joel a vum Patrick vun hannen iwerrascht gi sin fluchen :-) wei ech dunn mol bis zur Dier rakomm sin haten meng zwei Bridder schon dat ganzt Gebei "gesäubert" oder soll ech soen bemolt. Gewonnen :-)